Aacht Filmer vum Projet COMPARE: 1. Aféierung; 2. Literacy – Wat ass dat?: 3. Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem?; 4. Elterebesuch – Eng Beräicherung; 5. Um Wee zum Partenariat mat den Elteren
2022
Online
Elektronische Ressource
Aféierung Aféierung an d’Filmer vum Projet COMPARE An dëser Serie vu Videoe weise mir iech wéi dir Literacy mat klenge Kanner entwéckelen kennt a wéi Zesummenaarbescht mat Elteren a Bibliothéiken iech heibäi hëllefen. Film 1 Literacy – Wat ass dat? Fréi Erfarunge mat Literacy beaflossen de Kanner hir sproochlech Fähegkeeten, hir Erzielfähegkeet, de Prozess vum Liesen- a Schreiweléieren an hir spéider Leeschtunge an der Schoul. Den éischte Video stellt d'Konzept vu Literacy vir a presentéiert produktiv Situatiounen. Film 2 Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem? An dësem Film weise mir iech wéi Dir Literacy zesumme mat Elteren a Bibliothéike kennt entweckelen. Film 3 Elterebesuch – Eng Beräicherung Dëse Video weist iech zwee Beispiller vun Zesummenaarbecht. Eng Educatrice an Elteren erklären de Benefice vun der Zesummenaarbecht fir d’Kanner, d’Elteren an d’Educatricen. Film 4 Um Wee zum Partenariat mat den Elteren An dëser Crèche kachen d’Educatrice reegelméisseg mat de Kanner an heiansdo mat den Elteren. Situatiounen vu Literacy a verschiddene Sprooche komme spontan op. Elteren an d’Chargée vun der Crèche presentéieren d'Auswierkunge vun der Zesummenaarbecht.
Titel: |
Aacht Filmer vum Projet COMPARE: 1. Aféierung; 2. Literacy – Wat ass dat?: 3. Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem?; 4. Elterebesuch – Eng Beräicherung; 5. Um Wee zum Partenariat mat den Elteren
|
---|---|
Link: | |
Veröffentlichung: | 2022 |
Medientyp: | Elektronische Ressource |
Schlagwort: |
|
Sonstiges: |
|